Nouvelles
04/06/2010
Résultats de la Tombola 2010
Voici les résultats de la Tombola gratuite sur les billets d'entrée.
12/02/2010
Fête du Genêt 2010
Fête du Genêt 2010 - Weekend de la Pentecôte 2010 - du 21 au 24 mai 2010. Le Corso du Genêt défilera le Lundi de la Pentecôte, le 24 mai 2010 à 15 heures.
D’Geenzefest Wooltz
D’GEENZEFEST WOOLTZ ass dat gréisst folklor-Fest voa Wooltz a gläichzäitig engt von deene schéinsten aus dem Lëtzebuerger Land.
Et gouf 1948 an d’Liewe geruff.
Deen éischte Geenze-Corso as 1949 duerch Wooltz gezunn.
Et woar den Tony Mander, e Fotograf voa Wooltz, deen d’Iddi hat. Hee gët als Papp vom Geenzefest betruecht. Zesoame mat nach e puer Frënn, déi d’Natur an hiert Heemichtsteedchen Wooltz an hiert Häerz geschloss haten, awer och begeestert waren voan der Musik, dem Gesank an dem Folklor, hott heen d’Geenzefest op d’Been gesaat.
Dëst Fest gët all Joer während dem PÄIST-WEEKEND organiséiert. Während dësen Deeg stin am Norden vom Lëtzebuerger Land, am Eisleck, all Hiwel an Hank vooll am geele Gold vom Geenz.
Von 1948 bis 1965 gouf d’Geenzefest vom Syndicat d’Initiative voa Wooltz organiséiert.
1965 ass dun een neie Veräin, „Les Amis de la Féerie du Genêt Wiltz » gegrënd gin.
Dës Geenzefrënn organiséieren zënter häer all Joer d’Geenzefest.
Den éischte President woar den Dr Nicolas Schleich (1965-1971), dorno koum den Nicolas Brassel (1972-1976), dunn d’Madame Jacqueline Simon (1977-1980), gefolligt voam Jeanly Schweig (1981-1989). Von 1990 un bis haut ass de Victor Schreiner President.
Erviir ze sträichen ass d’Haatpattraktioun von dëse Festivitéiten, de GEENZE-CORSO voa PÄISTMONDIG.
Dëse Geenze-Corso besteet aus wonnerschéine mat vill Geenz gerëste Festweel, aus lëtzebuerger an auslännische Musiken, Majoretten- an Folklor-Gruppen voa Lëtzebuerg an aus den Nopischlänner. Desweideren sin all Joer attraktiv international Show-Banden eng Attraktioun vom Geenze-Corso.
Als Aafschloss vom Corso fiërt dee mat ganz vill Geenz gerësten herrlichen GEENZEWOOL mat der GEENZEKINNIGIN an hiren ÉIRENDAMEN, flott a schéin Meedercher voa Wooltz, duerch d’Stroossen.voan eisem klengen Stiëdchen.
D’Geenzefest zitt Joer fir Joer dausende von Zuschauer, op grouss oder kleng, aus Lëtzebuerg an aus ganz Europa, esou goar von anneren Kontinenten on.
Am lëtzebuerger Ligd „Et blikt eng Bloum am Eislik“ heescht et:
„AM EISLIK WANN DE GEENZ SCHÉI BLIKT, DA ROUFE MIR IECH ALL OP WOOLTZ........“.
Mat dëse Wierder invitéiert den Organisatiounskomitee
Iech all op d’GEENZEFEST,
a speziell PÄISCHTMONDIG op WOOLTZ
de GEENZE-CORSO kucken ze kommen.